
About this episode
This episode discusses the tradition of the Oktav and the associated Mäertchen in Luxembourg.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir iwwer d'Traditioun vun der Oktav a vum Mäertchen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript D’Oktav an de Mäertchen A: So, ech hu mir virgeholl, dëst Joer op d’Oktav an op de Mäertchen ze goen. B: Dat kléngt flott, mee kanns du mir mol erklären, wat dat genee ass? Ech hu schonn dovun héieren, mee ech weess awer net vill doriwwer. A: Jo, gär! D’Oktav ass eng reliéis Feier hei zu Lëtzebuerg. Si gëtt zu Éiere vun der Muttergottes gefeiert. Tëscht dem 3. an dem 5. Sonndeg no Ouschtere pilgeren Dausende vu Gleewegenaus der ganzer Groussregioun bis an d’Stad. B: O, dat ass méi grouss wéi ech geduecht hunn. A firwat pilgeren d’Leit dohinner? A: Si ginn an d’Kathedral Notre-Dame, fir d’Statu vun der Muttergottes ze kucken an ze éieren. Si gëtt als „Consolatrix Afflictorum“ bezeechent, dat heescht Tréischteri vun den Trauregen. D’Traditioun geet zeréck bis an d’17. Joerhonnert. B: Wéi huet dat dann ugefaangen? A: Ma, zu där Zäit hat d’Land vill Problemer wéi Epidemien, Kricher a Hongersnout. D’Leit hunn d’Muttergottes als Schutz an Trouscht gewielt. Zanterhier ass d’Oktav eng ganz wichtegTraditioun bliwwen. B: Dat mécht…
People in this episode
Host: Poterkëscht
Topics covered
- Oktav
- Mäertchen
- Lëtzebuerg
- reliéis Traditioun
- Pilgerfahrt
- lokal Produiten
Keywords
- Oktav
- Mäertchen
- Lëtzebuerg
- Traditioun
- Pilgerfahrt
- Kathedral
- Muttergottes
Mentioned in this episode
Places: Lëtzebuerg, Kathedral Notre-Dame
More episodes of Poterkëscht vum INLL
- Ze Spéit op der Aarbecht (A2) · June 11, 2026 · 6 min
- Iwwer Ernärungstrends schwätzen (B1) · June 9, 2026 · 6 min
- Vir- an Nodeeler vun de soziale Medien (B1) · June 4, 2026 · 6 min
- Transportmëttel a Fürerschäin (A2) · June 2, 2026 · 4 min
- E Studentenjob (A2) · May 27, 2026 · 4 min
- Vakanz um Mier oder an der Stad (B1) · May 21, 2026 · 5 min
Explore listener stats, chart rankings, contacts and more on the Poterkëscht vum INLL podcast page.