
Insights from recent episode analysis
Audience Interest
Podcast Focus
Publishing Consistency
Platform Reach
Insights are generated by CastFox AI using publicly available data, episode content, and proprietary models.
Most discussed topics
Brands & references
Est. Listeners
Insufficient chart data. Estimates will improve as the show charts.
- Per-Episode Audience
Est. listeners per new episode within ~30 days
N/A🎙 Daily cadence·180 episodes·Last published today - Monthly Reach
Unique listeners across all episodes (30 days)
N/A - Active Followers
Loyal subscribers who consistently listen
N/A
Market Insights
Platform Distribution
Reach across major podcast platforms, updated hourly
Total Followers
—
Total Plays
—
Total Reviews
—
* Data sourced directly from platform APIs and aggregated hourly across all major podcast directories.
On the show
From 22 epsHosts
Recent guests
Recent episodes
Eng emotional Achterbunnsfaart (B1)
Jun 25, 2026
Unknown duration
Nationalfeierdag am Passé (B1)
Jun 23, 2026
Unknown duration
Schimmel an der Wunneng (B1)
Jun 18, 2026
Unknown duration
Schlof an den Handy (B1)
Jun 16, 2026
Unknown duration
Ze Spéit op der Aarbecht (A2)
Jun 11, 2026
5m 45s
Social Links & Contact
Official channels & resources
Official Website
Login
RSS Feed
Login
| Date | Episode | Topics | Guests | Brands | Places | Keywords | Sponsor | Length | |
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| 6/25/26 | ![]() Eng emotional Achterbunnsfaart (B1) | Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis vun engem ganz emotionale Moien erzielt. Déi aner Person gëtt hir e puer Rotschléi, fir mat der Situatioun ëmzegoen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''. | — | ||||||
| 6/23/26 | ![]() Nationalfeierdag am Passé (B1) | Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut erzielt eis eng Persoun, wéi si gëschter Nationalfeierdag verbruecht huet, a vergläicht hire Programm mam leschte Joer.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:A: Salut Marc! An, wat hues du gëschter Owend fir Nationalfeierdag gemaach? B: Moie Sophie! Ma, ech hunn dëst Joer zur Ofwiesslung a mengem Duerf gefeiert. A: Seriö? Ech hat gemengt, du géifs ëmmer an d’Stad goen. B: Jo, dat stëmmt, normalerweis maachen ech dat och. D’lescht Joer hat ech zum Beispill Besuch vu Frënn aus dem Ausland. Ech war mat hinnen an der Uewerstad a mir hunn de ganzen Owend do verbruecht. A: Wat hutt dir gemaach? B: Fir d’éischt si mir e bëssen duerch d’Stad spadséiert. Et waren iwwerall vill Leit ënnerwee, an d’Stëmmung war super. Duerno hu mir dat grousst Freedefeier gekuckt. A: O jo, d’Freedefeier an der Stad ass ëmmer impressionant. B: Jo, et huet menge Frënn och gutt gefall. Duerno si mir nach op de Glacis gaang. Do hu vill international bekannt Museker an Dje gespillt, an et war gratis! Dat hu meng Frënn bal net gegleeft. A: Jo, mir hu wierklech Chance. Ech war d’lescht Joer och do. Ech hunn d’Museker zwar net all kannt, mee et war awer flott, fir nei Musek z’entdecken. An et war eng gutt Ambiance, trotz e bësse Reen. Ech hu vill gedanzt. B: Jo, mir och. Et war esou flott, datt mir eréischt moies fréi nees doheem waren! A: Wow! A firwat bass du dëst Joer net an d’Stad feiere gaang? B: Ech wollt et méi entspaant ugoen, a wollt emol gesinn, wat et esou bei mir am Duerf gëtt. Dofir sinn ech do bliwwen. A: An, gouf et do och vill Feierlechkeeten? B: Natierlech! D’Gemeng huet e Fest op der Duerfplaz organiséiert. Et waren och vill lokal Veräiner sur place, déi zum Beispill Grill- oder Gedrénksstänn haten. A: Cool! Wat fir Iesse gouf dann zerwéiert? B: Virun allem Gegrilltes, also Grillwurschten, Mettwurschten, Kotletten, Fritten… Mee och e puer vegetaresch Platë wéi Gromperekichelcher, an et gouf en asiatesche Foodtruck. A: Wat fir Veräiner waren da present? B: D’Fanfare aus dem Duerf huet gespillt, mee d’Scoute waren och do, esou wéi e puer Sportsclibb. A: Du hues bestëmmt vill Kënneger gesinn. B: Jo, e puer vu mengen Nopere waren do, an e puer aner Leit, déi een heiansdo begéint. Et war flott, esou konnt och och mat Leit schwätzen, déi ech eigentlech net oft gesinn. A: Gouf et dann och en offiziellen Deel? B: Jo, de Buergermeeschter huet eng kuerz Ried gehal. Duerno huet d’Gemeng en Éierwäin offréiert. A: A jo, den traditionellen Éierwäin! B: Genee. Mir hunn zesumme geprost, e bësse geschwat – et war wierklech flott. A: Waren dann och vill jonk Leit do? B: Jo, mee éischter méi spéit. Um 22 Auer huet en DJ op enger klenger Bün opgeluecht, an et hu vill Leit gedanzt. Et war natierlech net esou grouss opgezu wéi um Glacis, mee et war awer ganz flott. A: A wéini waars de dës Kéier doheem? B: Haha, net esou spéit. Ech war no Mëtternuecht am Bett. A: Wat huet dir da besser gefall – Nationalfeierdag an der Stad oder am Duerf? B: Éierlech gesot hu mir béid Feiere gutt gefall. An der Stad ass natierlech méi lass an e schéint Freedefeier, mee et sinn och immens vill Leit ënnerwee. Wann een dat net gär huet, ass et vläicht net sou flott. Am Duerf ass et méi gemitterlech, an et kann ee besser mat de Leit schwätzen. A: Dat stëmmt. Da wënschen ech dir nach e schéinen Nationalfeierdag haut! B: Merci gläichfalls! | — | ||||||
| 6/18/26 | ![]() Schimmel an der Wunneng (B1) | Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Schimmel doheem schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Schimmel an der Wunneng A: O Nee! B: Wat ass lass? A: Komm mol an d’Schlofzëmmer! A: Wat ass dat do uewen um Plaffong? B: Wou? A: Do am Eck! Gesäis de? Ass dat Schimmel? B: Mengs de? Vun hei gesäit et aus wéi e puer Spawecken... A: Quatsch! Hues de Tomaten op den Aen? Du muss méi no drun! B: Ok, ech klamme mol op e Stull. A: An? Wat gesäis de? B: Du hues Recht! Et ass Schimmel un der Mauer! Ass es och an deenen aneren Ecker? A: Moment... An dësem Eck net, mee do beim Kleederschaf awer! Mengs de, et ass es och hannert dem Schaf? B: Et ka sinn...mee de Schaf ass ze schwéier fir en elo ze réckelen. Mir mussen e fir d’éischt ausraumen an da kënne mer e réischt vun der Mauer ewechréckelen. Dat maache mer awer net méi haut. Et ass schonn ze spéit. Ech géing gär geschwë schlofe goen. A: Ech maache mer Suergen... Schimmel ass ganz schlecht fir d’Gesondheet! Vläicht schlofe mir scho säit Méint an engem Zëmmer voller Schimmel! Wéi fuerchtbar! Mir kréie bestëmmt Problemer mat der Ootmung! B: Denk elo net direkt esou negativ! Mir stëbsen d’Ecker vum Plaffong reegelméisseg an et ass eis ni eppes opgefall. Dat ass bestëmmt nach net laang esou. A vläicht ass guer näischt hannert dem Schaf! Jo, et gëtt Schimmel, deen an der Mauer sëtzt, wa se ze fiicht ass, mee dat hei ass just e bëssen. Mir hunn am Wanter eventuell net oft genuch gelëft... A: Jo, mee am Wanter ass et kal! Ech wëll do net ëmmer d’Fënster ophunn. B: Sou soll et jo och net sinn, mee et soll ee reegelméisseg d’Fënster wärend e puer Minutten grouss opmaachen a lëften. A: Am Dag si mir jo awer net heiheem... B: Wichteg ass, datt een dat nom Opstoe mécht. An der Nuecht sammelt sech vill Fiichtegkeet an der Loft. A: Dat maache mer jo awer! An owes virum schlofe goe lëfte mer och ëmmer. B: Vläicht geet et net duer. Oder d’Wunneng huet e Problem mat Fiichtegkeet. A: Vläicht ass iergendwou e Rouer geplatzt? B: Hm... Muer raume mer emol de Kleederschaf aus a kucken, ob och Schimmel hannert der Mauer ass. Wann net, dann ass dat scho mol eng gutt Noriicht. Ech mengen, da geet et duer, wa mer e selwer vun der Mauer ewechmaachen. A: Mat wat mécht een dat da fort? B: Zum Beispill mat staarkem Alkohol, Esseg oder engem spezielle Produit. Dat sprayt ee fir d’éischt op de Schimmel, da léisst een et awierken an duerno reift een alles mat enger Biischt oder enger Fatz fort. A: An dat geet duer? B: Fir den Ufank, jo! Mir mussen d’Plazen awer am A behalen a kucken, wéi sech dat weiderentwéckelt. Mee: muer kucke mer mol hannert de Schaf! Vläicht ass et méi schlëmm... Wann d’Mauer fiicht ass, da musse mer onbedéngt de Proprietaire kontaktéieren, soss kënnt de Schimmel ëmmer nees erëm. Da mussen Experten eis hëllefen. A: Ech maache scho mol Fotoen als Beweis. B: Gutt Iddi! D’Fotoen hunn en Datum an dat kann an Zukunft och hëllefen. Maach och e klenge Video! A: Ass gemaach. Fënns de, datt et komesch heibanne richt? B: Ech richen näischt! A: Dach! Et richt immens muffeg! Dat passt dach bei Schimmel! Wat e Misär! Hu mer net scho genuch aner Suergen...?! B: Ech mengen, du bilts der dat elo an! Ech riche wierklech näischt! A: Ech bilde mer dat net an! Ech riskéiere meng Gesondheet elo net méi! Ech informéieren de Proprietaire elo direkt! Soss kann ech hënt net schlofen! Ech schécken him direkt d’Fotoen an de Video. B: Waart wannechgelift of, bis mer de Schaf geréckelt hunn! Da kënne mer him all d’Fotoe matenee schécken! A: Ok ok... mee mir schlofen dës Nuecht net an dësem Zëmmer! B: Averstan! Komm, mir rappen d’Fënstere mol all op a lëften déi ganz Wunneng fir e puer Minutten! A muer gesi mer weider! Vläicht ass et net esou schlëmm! B: Merci, dass du esou roueg bleifs! Ech si wierklech grad um Enn mat mengen Nerven. A: Dat ass verständlech! Mir fannen eng Léisung! | — | ||||||
| 6/16/26 | ![]() Schlof an den Handy (B1) | Wëllkomm zréck an der Poterkëscht.Haut schwätze mir iwwer de Gebrauch vum Handy an den Effekt op de Schlof. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:A: Joris, du gesäis haut awer midd aus. Hues de schlecht geschlof? B: Jo, leider. Ech konnt gëschter guer net aschlofen. A: O nee. Has de e stressegen Dag? B: Jo, och. Mee ech fäerten, den Handy ass och e Problem A: Dat kennen ech. Ech huele mir all Owend vir, méi fréi schlofen ze goen, an da leien ech awer nach stonnelaang um Handy am Bett. B: Genee dat geschitt mir och. Eigentlech wollt ech gëschter um 23 Auer schlofe goen, mee herno war et awer vill méi spéit… A: Wat méchs du dann um Handy? Videoe kucken? B: All Méigleches. Instagram, Noriichten, YouTube… heiansdo liesen ech och Kommentarer oder kucke Fussballsvideoen. A: Bei mir ass TikTok de Problem. Déi kuerz Videoen halen einfach ni op! B: Jo, an et seet ee sech ëmmer: ,,Just nach ee Video‘‘. A: An eng Stonn méi spéit scrollt een awer nach. B: Du sees et… A : Et gëtt jo och ëmmer gesot, datt déi blo Luucht vum Handy schlecht fir de Schlof ass. B: Stëmmt, dat hunn ech och schonn héieren. D’Gehier denkt da warscheinlech, datt et nach Dag ass. A: Jo, an dofir fält et engem méi schwéier, anzeschlofen. B: An esouguer wann ee schléift, schléift een och net richteg déif. A: Interessant. Ech mierke wierklech, datt ech méi schlecht schlofen, wann ech laang um Handy sinn. B: Ech och. Besonnesch wann ech virum schlofe goen nach eppes stresseges kucken. A: Zum Beispill negativ Noriichten? B: Jo, oder soss Diskussiounen um Internet. Duerno denken ech oft nach laang driwwer no. A: Dat kennen ech. No sou eppes ass mäi Kapp och nach aktiv. B: Genee. Fréier hunn ech virum Schlofen oft nach gelies. Haut kucken ech meeschtens op den Handy. A: Eigentlech ass dat schued, fënns de net? B: Dach, schonn. Liesen ass iergendwéi méi entspaanend. A: Meng Frëndin mécht ëmmer en Handy-fräien Owend. B: Wat ass dat da genee? A: Ab néng Auer leet hatt säin Handy ewech a lauschtert Musek oder liest e Buch. B: Dat kléngt gesond. Mee, éierlech gesot kéint ech dat net all Dag. A: Ech warscheinlech och net. Et ass ee sou un den Handy gewinnt… B: Virun allem, well et do alles gëtt: d’Noriichten, Musek, Videoen, de Kontakt mat Frënn… A: An de Wecker! B: Haha, jo, dat ass nach e Problem. Mäin Handy läit direkt nieft dem Bett. A: Bei mir och. An esoubal ech nuets kuerz waakereg ginn, kucken ech automatesch drop. B: Ech och! An da gesinn ech d’Auerzäit an denken: ,,O nee, ech muss a fënnef Stonnen opstoen!‘‘ A: Da kann ee scho guer net méi aschlofen. B: Genee! A: Hues du scho probéiert, den Handy an engem aneren Zëmmer leien ze loossen? B: Nee, mee vläicht soll ech dat emol testen. A: Mäi Brudder mécht dat zanter e puer Méint. B: An, déngt et eppes? A : Jo, anscheinend schonn. Hie seet, datt hie méi séier aschléift a moies méi roueg ass. B: Interessant. Moies kucken ech nämlech ëmmer direkt op den Handy, wann ech erwächen. A: Ech och. Et ass dat éischt, wat ech maachen… B: An heiansdo gesinn ech dann direkt E-Mailen oder schlecht Noriichten. Dat ass kee gudde Start an den Dag! A: Definitiv net. Fréier hunn d’Leit warscheinlech fir d’éischt a Rou Kaffi gedronk an eventuell dobäi d’Zeitung gelies. B: Jo, bei mengen Elteren ass dat haut och nach esou. Mee eis Generatioun kuckt ëmmer direkt op den Ecran. A: Scho geckeg, wann een esou doriwwer nodenkt. B: Jo. Mee bon, anerersäits huet den Handy awer och vill Virdeeler. A: Jo, zum Beispill Schlof-Apps oder Entspanungsmusek. B: A Meditatiounen. A: Richteg. Et muss een den Handy warscheinlech einfach méi bewosst benotzen. Vläicht solle mir zwee probéieren, owes e bësse manner online ze sinn. B: Jo, kleng Schrëtt wiere scho gutt. Zum Beispill keng Videoe méi am Bett kucken. A: Oder den Handy op d’mannst eng hallef Stonn virum schlofe goen ewechleeën. B: Dat kléngt realistesch. A: Mol kucken, ob mir dat packen. B: Bestëmmt! | — | ||||||
| 6/11/26 | ![]() Ze Spéit op der Aarbecht (A2)✨ | workpunctuality+3 | — | — | — | latework+5 | — | 5m 45s | |
| 6/9/26 | ![]() Iwwer Ernärungstrends schwätzen (B1)✨ | ErnärungstrendsGesondheet+3 | — | — | — | ErnärungTrends+3 | — | 5m 30s | |
| 6/4/26 | ![]() Vir- an Nodeeler vun de soziale Medien (B1)✨ | soziale MedienVirdeeler+2 | zwou Persounen | Poterkëscht | — | soziale MedienVirdeeler+3 | — | 5m 33s | |
| 6/2/26 | ![]() Transportmëttel a Fürerschäin (A2)✨ | TransportmëttelFürerschäin+3 | PolMia | — | — | TransportmëttelFürerschäin+3 | — | 3m 53s | |
| 5/27/26 | ![]() E Studentenjob (A2)✨ | student jobswork-life balance+3 | AB | Uni | CaféStad | student jobpart-time work+3 | — | 3m 53s | |
| 5/21/26 | ![]() Vakanz um Mier oder an der Stad (B1)✨ | vacationtravel+3 | AB | — | — | vacationbeach+3 | — | 5m 07s | |
| 5/19/26 | ![]() Den Dagesoflaf am Passé (A2)✨ | daily routinepast tense+3 | Luc | — | — | daily routinepast tense+3 | — | 3m 44s | |
| 5/14/26 | ![]() Iwwer eng Trennung schwätzen (A2)✨ | relationshipbreakup+3 | B | — | — | breakuprelationship+3 | — | 4m 03s | |
| 5/12/26 | ![]() Saache fir eng Studentewunneng kafen (A2)✨ | student housingsecondhand shopping+3 | AB | Poterkëscht | — | student apartmentsecondhand items+3 | — | 4m 59s | |
| 5/7/26 | ![]() Aarbechtszäiten an Auerzäiten (A1)✨ | timework hours+3 | — | — | — | AuerzäitenAarbechtszäiten+3 | — | 3m 59s | |
| 5/5/26 | ![]() Noriichten iwwer Hënn & Catsitting (A2-B1)✨ | dogscatsitting+3 | — | — | Stuttgart | HënnCatsitting+5 | — | 5m 18s | |
| 4/30/26 | ![]() D'Oktav an de Mäertchen (A2)✨ | OktavMäertchen+4 | — | — | LëtzebuergKathedral Notre-Dame | OktavMäertchen+5 | — | 4m 11s | |
| 4/28/26 | ![]() Den Zuch verpasst & en Accident mam Vëlo (A2)✨ | transportationaccidents+3 | — | Poterkëscht | ZuchVëlo | ZuchVëlo+3 | — | 6m 19s | |
| 4/23/26 | ![]() Am Fréijoer am Gaart schaffen (B1)✨ | gardeningspring+3 | AB | — | — | gardeningspring work+3 | — | 4m 02s | |
| 4/21/26 | ![]() Um Nopeschfest (A2)✨ | Nopeschfestneighborhood+3 | MarcoClara | — | — | Nopeschfestneighbors+3 | — | 5m 00s | |
| 4/16/26 | ![]() Beruff: Elektriker/Elektrikerin (A1)✨ | BerufElektriker+3 | Eric | — | — | ElektrikerAarbecht+3 | — | 4m 50s | |
| 4/14/26 | ![]() Liblingsiessen & Ratatouille kachen (A2)✨ | LiblingsiessenRatatouille+3 | — | Ratatouille | — | LiblingsiessenRatatouille+3 | — | 6m 23s | |
| 4/8/26 | ![]() Eis Dagesroutinnen (A1-A2)✨ | DagesroutinnenLéieren+3 | — | — | — | DagesroutinnenLéieren+3 | — | 6m 18s | |
| 4/1/26 | ![]() E Wellness-Weekend (A2)✨ | wellnessrelaxation+3 | B | — | — | wellness weekendsauna+3 | — | 4m 12s | |
| 3/26/26 | ![]() Iwwer Online-Dating schwätzen (B1)✨ | Online DatingRelationships+3 | AB | — | — | Online DatingDating Apps+3 | — | 4m 53s | |
| 3/24/26 | ![]() Vakanz mam Camper & e Museksfestival (A2)✨ | vacation planningcamper travel+3 | — | — | — | campervacation+3 | — | 7m 49s | |
Showing 25 of 158
Sponsor Intelligence
Sign in to see which brands sponsor this podcast, their ad offers, and promo codes.
