
This episode discusses news about a rescued dog and a catsitting arrangement between neighbors.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt zwou Noriichten iwwer Hënn. Duerno héiere mir, wéi zwee Noperen e Catsitting organiséieren. - Transkript: Zwou Noriichten iwwer Hënn A: O, wow! B: Wat ass? A: Hei steet, datt zu Stuttgart e Labrador aus engem Mouer gerett gouf. B: O mei! Wéi ass en dann do erakomm? A: E war vun doheem fortgelaf an am Beräich vun engem Séi am Bulli agesackt. E konnt sech net méi vun eleng befreien! B: O, deen aarme Mupp! A: Jo, e war anscheinend an enger liewensgeféierlecher Situatioun! B: An dunn? A: Spadséiergänger hunn am Nomëtteg dem Hond säi Gebills héieren an d’Pompjeeë geruff. B: Zum Géck hu si dat héieren! Wéi hunn d’Pompjeeën den Hond dann du gerett? A: Fir d’éischt hu si en Zougank bei den Hond misse leeën, well de Buedem jo net fest war. B: A wéi hu si dat gemaach? A: Si hunn dat mat Deeler vun enger Leeder gemaach. Du goufen zwee Secouristen am Neopren mat Seeler geséchert an du konnte se den Hond erreechen a schlussendlech befreien. U Land gouf en du mat Waasser versuergt. B: Uff! A: D’Police huet d’Besëtzerin ermëttelt an hir den Hond, de Leo, erëm iwwerreecht. B: Schéin! A: Et waren am Ganzen zéng…
Hosts: A, B
Places: Stuttgart
Explore listener stats, chart rankings, contacts and more on the Poterkëscht vum INLL podcast page.