
The episode discusses gardening activities in spring, focusing on planting and weather considerations.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Theema Gaardenaarbecht schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A: Wat méchs du dann dëse Weekend? B: Ech schaffen am Gaart. Ech hunn nach vill ze dinn. A: Ech kenne mech guer net aus, ech hu kee Gaart. Wat muss een alles maachen? B: Also, fir d’éischt hunn ech de Gaart preparéiert. Et muss ee fir d’éischt d’Onkraut erausrappen an de Buedem oplackeren. A: A, dat ass bestëmmt vill Aarbecht. B: Jo, mee et mécht Spaass. An ech si vill dobaussen un der frëscher Loft. A: Hues de schonn eppes geplanzt? B: Jo, ech hu schonn Zalot, Spinat a Réidercher geplanzt. A: Firwat grad déi Planzen? B: Se halen d’Keelt aus a kënnen och wuessen, wann et nach kal ass. Am Abrëll ass d’Wieder nach immens onbestänneg. A: Jo, et seet ee jo: Abrëll, Abrëll, dee weess net, wat e wëll. B: (laacht) Genee! A: A wat wëlls du nach uplanzen? B: Ech wëll nach Muerten a Grompere setzen. A: Wéi ass et mat Tomaten? B: A jo! Also ech zillen d’Tomaten de Moment nach bannen op mengem Fënsterbriet an der Kichen. No den Äishellege komme se dann eraus an de Gaart. A: Wat ass dat? B: D’Äishelleg si Mëtt Mee, vum 11. bis de 15…
Explore listener stats, chart rankings, contacts and more on the Poterkëscht vum INLL podcast page.