Beruff: Elektriker/Elektrikerin (A1)

Beruff: Elektriker/Elektrikerin (A1)

From Poterkëscht vum INLL by Poterkëscht

April 16, 2026 · 5 min

About this episode

In this episode, Eric discusses his profession as an electrician and shares insights about his daily work and experiences.

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun hirem Beruff als Elektriker schwätzt. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript A: Gudde Moien Eric! Wat bass du vu Beruff? B: Ech sinn Elektriker. A: Cool! Wat méchs du do genee? Wat sinn deng Tâchen? B: Ech installéieren a flécken elektresch Systemer. Dat sinn zum Beispill Steckdousen, Luuchten, Kabelen an d’Këschte mat de Sécherungen. A: Wéi laang schaffs du schonn als Elektriker/Elektrikerin? B: Zënter aacht Joer. A: Schaffs du och op engem Büro? B: Nee, bal ni. Ech schaffe meeschtens op Chantieren oder direkt bei de Clienten doheem. A: Dat heescht, du bass vill ënnerwee... B: Mol sou, mol sou. Heiansdo sinn ech just e puer Stonne bei engem Client, heiansdo sinn ech e puer Deeg op engem Chantier. A: Wat gefält dir besser? Bei de Clienten doheem oder d’Aarbecht op enger Baustell? B: Dat hänkt dervun of. Ech si frou, wann ech meng Aarbecht gutt maache kann an d’Clienten all zefridde sinn. A: Wéi gesäit en typeschen Aarbechtsdag aus? B: Ech fänke fréi u mat schaffen, heiansdo schonn um 7 Auer moies. Fir d’éischt fueren ech op e Chantier oder bei e Client heem. Ech kucken d’Pläng a beschwätze mam Client…

People in this episode

Host: Poterkëscht

Guest: Eric

Topics covered

  • Beruf
  • Elektriker
  • Aarbecht
  • Technologie
  • Léieren

Keywords

  • Elektriker
  • Aarbecht
  • Chantier
  • Kabelen
  • Steckdousen

More episodes of Poterkëscht vum INLL

Explore listener stats, chart rankings, contacts and more on the Poterkëscht vum INLL podcast page.