
About this episode
The episode discusses a planned wellness weekend between two friends, highlighting various relaxation activities.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer e Wellness-Weekend, dee si geplangt hu, schwätzen. Vill Spass beim Nolauschteren! - Transkript: A: An, frees du dech op eise Wellness-Weekend? B: Jo, ech freeë mech esou vill. Ech muss wierklech e bëssen ofschalten a brauch Entspanung. A: Ech och, onbedéngt ! Ech sinn och frou, datt mir eis decidéiert hunn am Hotel z’iwwernuechten. Online hu mir jo scho gesinn, datt hir Zëmmeren immens schéin a gemittlech ausgesinn. B: Voll. Wat solle mir als éischt am Wellness-Beräich maachen? A: Ech géif gär direkt an d'Sauna goen. Si hu fënnef Saunaen dobaussen an dräi dobannen. Si hunn och dräi Hammamen. B: Topp! Hammam ass perfekt fir d’Haut. Si hu bestëmmt och sou Peelinge mat Salz, Kraider an äthereschen Ueleger. Dono kënne mir jo an d’Schwämm e bësse schwamme goen. A: Ganz gär! Si hunn dobaussen och e Naturteich, also eppes wéi e Weier an deem ee schwamme kann... Vläicht kënne mir eis an deem ofkillen, wa mir aus der Sauna kommen. Wann dat eis ze kal ass, gi mir einfach an den Outdoor-Whirlpool. B: Dat ass e gudd ePlang. Hues du schonn eng Massage gebucht? A: Jo, ech hu fir eis zwee eng Massage vum ganze Kierper…
People in this episode
Host: A
Guest: B
Topics covered
- wellness
- relaxation
- spa
- massage
- self-care
Keywords
- wellness weekend
- sauna
- massage
- Hammam
- self-care
More episodes of Poterkëscht vum INLL
- Ze Spéit op der Aarbecht (A2) · June 11, 2026 · 6 min
- Iwwer Ernärungstrends schwätzen (B1) · June 9, 2026 · 6 min
- Vir- an Nodeeler vun de soziale Medien (B1) · June 4, 2026 · 6 min
- Transportmëttel a Fürerschäin (A2) · June 2, 2026 · 4 min
- E Studentenjob (A2) · May 27, 2026 · 4 min
- Vakanz um Mier oder an der Stad (B1) · May 21, 2026 · 5 min
Explore listener stats, chart rankings, contacts and more on the Poterkëscht vum INLL podcast page.