Um Nopeschfest (A2)

Um Nopeschfest (A2)

From Poterkëscht vum INLL by Poterkëscht

April 21, 2026 · 5 min

About this episode

The episode features a conversation among neighbors at a community festival, discussing their experiences and interactions.

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi e puer Persoun um Nopeschfest matenee schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript A: Hallo dir zwee! Schéin, datt dir och hei sidd. M: Salut Anna! Jo, d’Nopeschfest ass ëmmer flott. Vill Leit a gutt Iessen. C: Moien alleguer! Ech wunnen eréischt zanter zwou Wochen hei. Ech kennen nach net vill Noperen. A: O, bass du hei an eiser Residence? Wëllkomm! Ech wunne scho fënnef Joer hei. C: Merci! Ech sinn d’Clara. Ech wunnen um zweete Stack, dat éischt Appartement op der lénkser Säit. M: A, da bass du meng nei Nopesch! Ech wunnen direkt uewendriwwer. Ech sinn de Marco. C: A, et freet mech, dech kennenzeléieren. Hoffenlech maachen ech net ze vill Kaméidi. Ech hu geschter Owend nach e bësse Musek um Balcon gelauschtert. M: Nee, alles gutt. Ech hunn näischt héieren. A wann ech eppes héieren, wat mech stéiert, soen ech dir Bescheed. A: Dat ass hei am Haus flott. Déi meescht Leit si frëndlech a schwätze mateneen. C: Dat kléngt gutt. A menger aler Wunneng hunn ech meng Nopere guer net kannt. Dat war e bësse schued. M: Hei ass et anescht. Am Summer gi mir oft zesumme spadséieren oder grillen am Gaart. A: Jo, dat ass richteg…

People in this episode

Host: Anna

Guests: Marco, Clara

Topics covered

  • Nopeschfest
  • neighborhood
  • community
  • food
  • social interaction

Keywords

  • Nopeschfest
  • neighbors
  • community
  • food
  • socializing

More episodes of Poterkëscht vum INLL

Explore listener stats, chart rankings, contacts and more on the Poterkëscht vum INLL podcast page.