Donnerwiederen uechter d'Land (A2)

Donnerwiederen uechter d'Land (A2)

July 1, 2026 · 5 min

About this episode

The episode discusses two people's experiences and feelings about thunderstorms and their impact on the community.

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Donnerwiedere schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Donnerwiederen uechter d’Land A: Elo reent et schonn nees! B: Jo, de Moment komme wierklech oft Schaueren erof. An de Noriichte melle se och nees Donnerwiedere fir den Owend. A: Um wéi vill Auer? B: Géint 20.00 Auer. A: Ok, ech muss virdrun dann nach mam Hond eraus. Deen Aarme fäert d’Donnerwiederen enorm. En Dënschdeg war et krass. Ech hat Homeoffice an et huet jo e puer Mol den Dag gedonnert. Hien hat vill Angscht. Bei all Donner ass en opgestan an op eng aner Plaz gelaf. Hie konnt sech guer net berouegen. Et war wéi bei de Knupperten op Silvester... B: Deen Aarmen. Ech muss soen, ech hunn esou Wiederen am Summer immens gär. Et ass zwar den Dag iwwer immens schmeier, mee wann et da sou richteg knuppt a wéi aus Eemere schëtt, da fannen ech dat immens gemittlech. Natierlech nëmmen, wann ech doheem sinn... A: Ech haassen, wann et dompeg ass. Mir ass dann ëmmer schwindeleg. Ech verdroen d’Hëtzt an déi héich Fiichtegkeet an der Loft guer net gutt. B: A, ok. Dat deet mer leed! En Dënschdeg war et och e bësse vill. De CGDIS hat vill Asätz…

More episodes of Poterkëscht vum INLL

Explore listener stats, chart rankings, contacts and more on the Poterkëscht vum INLL podcast page.