Nationalfeierdag am Passé (B1)

Nationalfeierdag am Passé (B1)

June 22, 2026 · 5 min

About this episode

The episode discusses personal experiences of celebrating Nationalfeierdag and compares it to the previous year.

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut erzielt eis eng Persoun, wéi si gëschter Nationalfeierdag verbruecht huet, a vergläicht hire Programm mam leschte Joer. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A: Salut Marc! An, wat hues du gëschter Owend fir Nationalfeierdag gemaach? B: Moie Sophie! Ma, ech hunn dëst Joer zur Ofwiesslung a mengem Duerf gefeiert. A: Seriö? Ech hat gemengt, du géifs ëmmer an d’Stad goen. B: Jo, dat stëmmt, normalerweis maachen ech dat och. D’lescht Joer hat ech zum Beispill Besuch vu Frënn aus dem Ausland. Ech war mat hinnen an der Uewerstad a mir hunn de ganzen Owend do verbruecht. A: Wat hutt dir gemaach? B: Fir d’éischt si mir e bëssen duerch d’Stad spadséiert. Et waren iwwerall vill Leit ënnerwee, an d’Stëmmung war super. Duerno hu mir dat grousst Freedefeier gekuckt. A: O jo, d’Freedefeier an der Stad ass ëmmer impressionant. B: Jo, et huet menge Frënn och gutt gefall. Duerno si mir nach op de Glacis gaang. Do hu vill international bekannt Museker an Dje gespillt, an et war gratis! Dat hu meng Frënn bal net gegleeft. A: Jo, mir hu wierklech Chance. Ech war d’lescht Joer och do. Ech hunn d’Museker zwar net all kannt, mee et war awer flott, fir nei…

More episodes of Poterkëscht vum INLL

Explore listener stats, chart rankings, contacts and more on the Poterkëscht vum INLL podcast page.