
The episode discusses how to apply for a job at INLL, focusing on teaching positions and the application process.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun sech fir eng Aarbecht am INLL informéiert. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Sech fir en Job am INLL mellen A: Hallo, so du schaffs jo am INLL, gell? B: Salut! Jo, genee, ech schaffe schonn zënter 6 Joer do. Firwat frees du? A: Ech géif mech och gär do mellen, fir Däitsch z’enseignéieren. Ech weess awer net genee, wéi ech dat maache soll. B: Hues du da scho gekuckt, ob se een am däitschen Departement sichen? Den INLL sicht heiansdo Leit fir verschidde Plazen. Net nëmmen Enseignanten, mee och an der Administratioun. A: Nee, ech hunn nach net gekuckt, well ech net weess wou ech dat fannen. Ech weess just, dass déi puer Leit, déi ech kennen an déi do schaffen, immens zefridde sinn. B: Jo, et ass jo och eng interessant Plaz a se ass och ganz ofwiesslungsräich. Also d’Aarbechtsannoncë fënnt ee meeschtens op hirem Site, also op www.inll.lu . Da muss du erofscrollen an da fënns de et ënner Eis lescht Neiegkeeten oder ganz ënne lénks, ënner der Rubrik Jobs . D’Plazen am Beräich Administratioun ginn awer och um Site www.govjobs.lu ausgeschriwwen. A: A, gutt ze wëssen! An do muss een online kandidéieren oder…
Explore listener stats, chart rankings, contacts and more on the Poterkëscht vum INLL podcast page.