
The episode discusses the importance of sustainable travel choices and the challenges associated with them.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! - Transkript: A: Hues du scho Pläng fir de Summer? B: Jo, ech fuere mam Zuch an Italien. A: Mam Zuch? Dat dauert dach éiweg! B: Jo, du hues Recht, et dauert natierlech méi laang wéi ze fléien. Mee ech wollt dëse Summer méi nohalteg reesen. A: Dat héiert een an der leschter Zäit méi oft. Wat heescht dat da genee fir dech, nohalteg ze reesen? B: Fir mech ass et wichteg, d’Ëmwelt esou mann wéi méiglech ze belaaschten. Dofir probéieren ech, manner ze fléien a méi op den ëffentlechen Transport zréckzegräifen. A: Dat kléngt verstänneg. Mee heiansdo ass e Fluch vill méi bëlleg wéi en Zuchbilljee! B: Leider ass dat wouer. Dat fannnen ech och e bësse paradox. A: D’lescht Joer sinn ech fir 40 € a Spuenie geflunn. Fir dee sewlechte Präis wier ech emol net bis a Frankräich komm. B: Dat ass e seriöe Problem. Vill Leit géife gär méi ëmweltbewosst reesen, wann et net esou deier wier. A: Warscheinlech. Anerersäits verstinn ech och d’Leit, déi nëmmen eng Woch an d’Vakanz fueren a keng Loscht hunn, zwanzeg Stonnen am Zuch ze verléieren. B: Jo, dat kann ech novollzéien. Zäit spillt natierlech och eng Roll. A: Wéi bass du eigentlech op d’Iddi komm, nohalteg ze…
Explore listener stats, chart rankings, contacts and more on the Poterkëscht vum INLL podcast page.