Schimmel an der Wunneng (B1)

Schimmel an der Wunneng (B1)

June 17, 2026 · 5 min

About this episode

The episode discusses a conversation between two people about mold in their home and its potential health effects.

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Schimmel doheem schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Schimmel an der Wunneng A: O Nee! B: Wat ass lass? A: Komm mol an d’Schlofzëmmer! A: Wat ass dat do uewen um Plaffong? B: Wou? A: Do am Eck! Gesäis de? Ass dat Schimmel? B: Mengs de? Vun hei gesäit et aus wéi e puer Spawecken... A: Quatsch! Hues de Tomaten op den Aen? Du muss méi no drun! B: Ok, ech klamme mol op e Stull. A: An? Wat gesäis de? B: Du hues Recht! Et ass Schimmel un der Mauer! Ass es och an deenen aneren Ecker? A: Moment... An dësem Eck net, mee do beim Kleederschaf awer! Mengs de, et ass es och hannert dem Schaf? B: Et ka sinn...mee de Schaf ass ze schwéier fir en elo ze réckelen. Mir mussen e fir d’éischt ausraumen an da kënne mer e réischt vun der Mauer ewechréckelen. Dat maache mer awer net méi haut. Et ass schonn ze spéit. Ech géing gär geschwë schlofe goen. A: Ech maache mer Suergen... Schimmel ass ganz schlecht fir d’Gesondheet! Vläicht schlofe mir scho säit Méint an engem Zëmmer voller Schimmel! Wéi fuerchtbar! Mir kréie bestëmmt Problemer mat der Ootmung! B: Denk elo net direkt esou negativ! Mir stëbsen d’Ecker vum…

More episodes of Poterkëscht vum INLL

Explore listener stats, chart rankings, contacts and more on the Poterkëscht vum INLL podcast page.