
The episode discusses the impact of mobile phone usage on sleep quality.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut schwätze mir iwwer de Gebrauch vum Handy an den Effekt op de Schlof. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A: Joris, du gesäis haut awer midd aus. Hues de schlecht geschlof? B: Jo, leider. Ech konnt gëschter guer net aschlofen. A: O nee. Has de e stressegen Dag? B: Jo, och. Mee ech fäerten, den Handy ass och e Problem A: Dat kennen ech. Ech huele mir all Owend vir, méi fréi schlofen ze goen, an da leien ech awer nach stonnelaang um Handy am Bett. B: Genee dat geschitt mir och. Eigentlech wollt ech gëschter um 23 Auer schlofe goen, mee herno war et awer vill méi spéit… A: Wat méchs du dann um Handy? Videoe kucken? B: All Méigleches. Instagram, Noriichten, YouTube… heiansdo liesen ech och Kommentarer oder kucke Fussballsvideoen. A: Bei mir ass TikTok de Problem. Déi kuerz Videoen halen einfach ni op! B: Jo, an et seet ee sech ëmmer: ,,Just nach ee Video‘‘. A: An eng Stonn méi spéit scrollt een awer nach. B: Du sees et… A : Et gëtt jo och ëmmer gesot, datt déi blo Luucht vum Handy schlecht fir de Schlof ass. B: Stëmmt, dat hunn ech och schonn héieren. D’Gehier denkt da warscheinlech, datt et nach Dag ass. A: Jo, an dofir fält et engem…
Explore listener stats, chart rankings, contacts and more on the Poterkëscht vum INLL podcast page.