
About this episode
The episode discusses the daily routines of two individuals, Luc and Marie, as they recount what they did yesterday.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen erzielen, wat si gëschter gemaach hunn. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Den Dagesoflaf am Passé A: Salut Luc! Wéi war däin Dag gëschter? B: Hallo Marie. Mäin Dag war an der Rei, mee och e bësse stresseg. An däin? A: Mäin Dag war ganz gutt. Ech si fréi opgestanen, um 6 Auer. An du? B: Ech si méi spéit opgestanen, géint hallwer aacht. Ech hu mäi Wecker net direkt héieren, dofir hunn ech mech du getommelt. A: O, dat kennen ech! Ech hu mech fir d’éischt am Bett gestreckt an dunn hunn ech mech ugedoen. Duerno hunn ech d’Kaffismaschinn ugemaach an e Kaffi gedronk. B: Ech hunn och direkt en Téi gedronk, mee ganz séier. Ech hu mir de Mond esouguer verbrannt. Dunn hunn ech mech am Buedzëmmer gewäsch a mech ugedoen, an du sinn ech direkt mam Auto opd’Aarbecht gefuer. A: Hues du kee Kaffi gedronk ? B : Nee, leider net. Ech hat keng Zäit. Ech hu just e Müüslirigel an en Apel matgeholl. An du? A: Ech hu gemittlech doheem Kaffi gedronk. Ech hunn eng Schmier mat Gebeess an e Jughurt giess. Duerno hunn ech mech prett gemaach a sinn op de Busarrêt gaangen. Ech hat Chance an de Bus war pünktlech. B: Däi Moie…
People in this episode
Host: Marie
Guest: Luc
Topics covered
- daily routine
- past tense
- conversation
- language learning
- A2 level
Keywords
- daily routine
- past tense
- conversation
- language
- A2 level
More episodes of Poterkëscht vum INLL
- Ze Spéit op der Aarbecht (A2) · June 11, 2026 · 6 min
- Iwwer Ernärungstrends schwätzen (B1) · June 9, 2026 · 6 min
- Vir- an Nodeeler vun de soziale Medien (B1) · June 4, 2026 · 6 min
- Transportmëttel a Fürerschäin (A2) · June 2, 2026 · 4 min
- E Studentenjob (A2) · May 27, 2026 · 4 min
- Vakanz um Mier oder an der Stad (B1) · May 21, 2026 · 5 min
Explore listener stats, chart rankings, contacts and more on the Poterkëscht vum INLL podcast page.