Saache fir eng Studentewunneng kafen (A2)

Saache fir eng Studentewunneng kafen (A2)

From Poterkëscht vum INLL by Poterkëscht

May 12, 2026 · 5 min

About this episode

The episode discusses the essentials needed for a student moving into their first apartment, focusing on secondhand purchases.

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Plënnere vun engem Student an eng Studentewunneng schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Saache fir eng Studentewunneng kafen A: Wat scrolls du schonn erëm op dengem Handy? B: Majo, ech sinn hei op enger Internetsäit fir secondhand Saachen ze kafen oder ze verkafen. A: Sichs de eppes Bestëmmtes oder verkeefs de Saachen? Hues de doheem d’Fréijoersbotz gemaach? B: Nee, mäi Meedche geet geschwënn op d’Uni a fir seng éischt eege Wunneng brauch hatt elo allerhand Saachen. A: Wéi flott! Mee jo, dat kascht bestëmmt vill, wann een dat alles nei kafe muss. B: Genee, mir wëllen net alles nei kafen an ech hunn hei secondhand e flotten Zerwiss vun enger gudder Mark fonnt fir nëmmen 20 €. En ass zwar net ganz komplett, mee dat ass net schlëmm. A: Wat feelt dann? B: Eng Taass, eng Schossel an zwee Glieser. Déi grouss an déi kleng Tellere sinn nach all do. Hatt ass jo eleng, da gi fënnef Tasen, fënnef Schosselen a véier Glieser duer. Hatt ka sech jo nach eppes nokafen, wann hatt et brauch. A: Jo. Fir den Ufank ass dat jo net schlecht. Wat brauch hatt dann nach alles? B: Hatt brauch nach Dëppen a…

People in this episode

Host: Poterkëscht

Guests: A, B

Topics covered

  • student housing
  • secondhand shopping
  • university life
  • kitchen essentials
  • budgeting

Keywords

  • student apartment
  • secondhand items
  • kitchenware
  • budget
  • university

More episodes of Poterkëscht vum INLL

Explore listener stats, chart rankings, contacts and more on the Poterkëscht vum INLL podcast page.