
About this episode
In this episode, two individuals discuss transportation methods and their experiences with driving tests.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Transportmëttel an hire Fürerschäinsexame schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Transportmëttel a Fürerschäin (A2) A: Salut Pol! So, wéi bass du haut op d’Aarbecht komm ? B: Moie Mia! Haut sinn ech mam Bus gefuer, well mäin Auto futti ass. A: O nee! Wat ass da geschitt? B: Ma, gëschter huet mäin Auto op eemol komesch Geräischer gemaach. An haut de Moien ass en du guer net méi ugesprongen. A : Dat ass awer nerveg ! Wéi laang hues du däin Auto da schonn? B: Zanter ongeféier dräi Joer. Virdru sinn ech ëmmer mam Vëlo oder mam Bus gefuer. A: Ech fueren och oft dacks mam Vëlo, besonnesch am Summer. Mee wann et reent, huelen ech léiwer de Bus oder den Tram. B: Dat verstinn ech. Hues du eigentlech de Fürerschäin? A: Jo, mee ech hunn e réischt d’lescht Joer gemaach. B: Seriö? An, war den Exame schwéier? A: Den theoreeteschen Deel war einfach, mee am prakteschen Exame sinn ech fir d’éischt derchgefall. B: Wierklech? Firwat, wann ech froen däerf? A: Ech war ganz opgereegt an war dofir net immens konzentréiert. An ech hunn eng Rechtsvirfaart ze spéit gesinn. B: O dat ka geschéieren. Vill Leit…
People in this episode
Guests: Pol, Mia
Topics covered
- Transportmëttel
- Fürerschäin
- Examen
- Bus
- Vëlo
Keywords
- Transportmëttel
- Fürerschäin
- Bus
- Vëlo
- Examen
More episodes of Poterkëscht vum INLL
- Ze Spéit op der Aarbecht (A2) · June 11, 2026 · 6 min
- Iwwer Ernärungstrends schwätzen (B1) · June 9, 2026 · 6 min
- Vir- an Nodeeler vun de soziale Medien (B1) · June 4, 2026 · 6 min
- E Studentenjob (A2) · May 27, 2026 · 4 min
- Vakanz um Mier oder an der Stad (B1) · May 21, 2026 · 5 min
- Den Dagesoflaf am Passé (A2) · May 19, 2026 · 4 min
Explore listener stats, chart rankings, contacts and more on the Poterkëscht vum INLL podcast page.