
About this episode
Two people discuss their preferences for vacation destinations between the beach and the city.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen diskutéieren, wou si hir Vakanz verbrénge wëllen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Vakanz um Mier oder an der Stad (B1) A: Hues du schonn iwwerluecht, wat s du an der grousser Vakanz maache wëlls? B: Nee, nach net genau. Ech schwanken tëscht enger Rees an eng Stad an enger Vakanz um Mier. An du? A: Ech géif léiwer op d’Mier fueren. No deene leschte stressege Méint brauch ech e bësse Rou. B: Ech verstinn. Mee, éierlech gesot fannen ech e Citytrip méi interessant. Et kann een esou vill kucke goen an erliewen! A: Dat ass wouer. Mee um Mier kann ee sech am beschten entspanen. Ausserdeem ass d’Wieder do meeschtens besser. B: Hm, dat kënnt dorop un, wuer ee fiert. A Südeuropa ass et am Summer oft immens waarm. Dat ass mir heiansdo ze vill. A: Also, ech si frou mat der Hëtzt. Ech leie léiwer an der Sonn, wéi de ganzen Dag duerch eng Stad ze trëppelen. B: Ech ginn dogéint léiwer ronderëm an entdecken nei Plazen. An enger Stad gëtt et einfach méi Ofwiesslung: Muséeën, Resturanten, Butteker… A: Mee, ass dat net och ustrengend? An der Vakanz wëll ech eigentlech net esou vill plangen. B: E bësse plange…
People in this episode
Host: Poterkëscht
Guests: A, B
Topics covered
- vacation
- travel
- discussion
- beach
- city
Keywords
- vacation
- beach
- city trip
- travel preferences
- discussion
More episodes of Poterkëscht vum INLL
- Ze Spéit op der Aarbecht (A2) · June 11, 2026 · 6 min
- Iwwer Ernärungstrends schwätzen (B1) · June 9, 2026 · 6 min
- Vir- an Nodeeler vun de soziale Medien (B1) · June 4, 2026 · 6 min
- Transportmëttel a Fürerschäin (A2) · June 2, 2026 · 4 min
- E Studentenjob (A2) · May 27, 2026 · 4 min
- Den Dagesoflaf am Passé (A2) · May 19, 2026 · 4 min
Explore listener stats, chart rankings, contacts and more on the Poterkëscht vum INLL podcast page.