
About this episode
Two students discuss their experiences and challenges with part-time jobs while studying.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwee Studenten iwwer en Niewenjob schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: E Studentenjob (A2) A: Hey! Wéi geet et dir? B: Hallo! Et geet mir gutt, merci. An dir? A: Jo, och gutt. Wat méchs du elo no de Coursen? B: Ech sichen nach en Niewenjob. Ech wëll e bësse Sue verdéngen. An du, hues du e Studentenjob? A: Jo, ech hu schonn en Niewenjob. Ech schaffe samschdes a sonndes an engem Café an der Stad. B: A, wierklech? Dat kléngt interessant! Wat méchs du do genee? A: Ech huelen d’Commanden, ech zerwéieren d’Clienten, ech spullen d’Glieser an heiansdo maachen ech den Inventaire. B: Ass et dann net ze schwéier Uni an Aarbecht ze kombinéieren? A: Et hänkt dovun of. Wann ech vill Hausaarbechten hunn oder fir en Test léiere muss, dann ass et e bësse stresseg, mee ech schaffe just 10 Stonne pro Woch, also geet et nach. B: Jo, ech verstinn. Wéi sinn deng Aarbechtskolleegen dann? A: Topp! Meng Cheffin ass och ganz léif a verständnisvoll. B: Dat ass wichteg. A wéi vill verdéngs du? A: Ech verdéngen ongeféier 14 Euro pro Stonn. Fir e Student ass dat net schlecht. B: Nee, dat ass wierklech gutt. A: Hues du schonn e CV…
People in this episode
Guests: A, B
Topics covered
- student jobs
- work-life balance
- job searching
- student life
- language learning
Keywords
- student job
- part-time work
- Café
- job search
- work balance
Mentioned in this episode
Organizations: Uni
Places: Café, Stad
More episodes of Poterkëscht vum INLL
- Ze Spéit op der Aarbecht (A2) · June 11, 2026 · 6 min
- Iwwer Ernärungstrends schwätzen (B1) · June 9, 2026 · 6 min
- Vir- an Nodeeler vun de soziale Medien (B1) · June 4, 2026 · 6 min
- Transportmëttel a Fürerschäin (A2) · June 2, 2026 · 4 min
- Vakanz um Mier oder an der Stad (B1) · May 21, 2026 · 5 min
- Den Dagesoflaf am Passé (A2) · May 19, 2026 · 4 min
Explore listener stats, chart rankings, contacts and more on the Poterkëscht vum INLL podcast page.