Iwwer eng Trennung schwätzen (A2)

Iwwer eng Trennung schwätzen (A2)

From Poterkëscht vum INLL by Poterkëscht

May 14, 2026 · 4 min

About this episode

The episode discusses a conversation between two people about a recent breakup and the emotions involved.

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer eng Trennung schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Iwwer eng Trennung schwätzen (A2) A: Moien! Wéi geet et dir? Ass alles ok? B: Hallo! Éierlech gesot geet et mir net esou gutt. A: O! Firwat? B: De Marco an ech... mir hunn eis getrennt... also, de Marco huet sech vu mir getrennt. A: O Nee! Dat deet mer immens leed! Wéini? B: Virun dräi Deeg. A: Wéi geet et der? B: Ech sinn esou traureg. Mäin Häerz ass gebrach. Ech kräischen de ganzen Dag. Mir ware véier Joer zesummen. Ech wäert ni méi glécklech sinn. A: O, du Aarmt! Ech si mer sécher, dass et dir iergendwann nees besser geet. Véier Joer Bezéiung ass eng laang Zäit an no dräi Deeg ass et normal, dass du dech nach esou traureg fills. B: Mir haten esou eng schéin Zäit. A: Firwat huet de Marco da Schluss gemaach, wann ech froen däerf? B: Hien huet sech an eng aner Fra verléift. Mir hunn déi lescht Méint och oft gestridden. Am Fong ware mir allen zwee net méi glécklech, A: Dat kléngt schwiereg. B: Mee et deet trotzdeem wéi. A: Dat verstinn ech. Et kann een traureg sinn, och wann et vläicht déi richteg Decisioun war... B: Ech verlaangere sou…

People in this episode

Host: A

Guest: B

Topics covered

  • relationship
  • breakup
  • emotions
  • communication
  • grief

Keywords

  • breakup
  • relationship
  • emotions
  • grief
  • communication

More episodes of Poterkëscht vum INLL

Explore listener stats, chart rankings, contacts and more on the Poterkëscht vum INLL podcast page.