
About this episode
This episode discusses personal experiences with online dating through a conversation between two individuals.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hir Erfarunge mat Online-Dating schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A: Wat méchs du de Weekend ? B: Majo, de Lino an ech fuere vun e Freideg op e Samschdeg fort. Mir feieren eisen 10. Joresdag! A: Wow! 10 Joer! Felicitatiounen! B: Merci! D’Zäit vergeet... A: Wéi hutt dir iech dann deemools kenne geléiert? B: Mir hunn eis iwwer eng Dating-App kenne geléiert. A: Wierklech? Ech kennen nëmmen Horrorgeschichte vun Onlinedating. Vill Leit soen, datt een do just iwwerflächlech Kontakter fënnt oder d’Leit oft an hirem Profil léien. Ech hätt Angscht, eng béis Iwwerraschung ze kréien . B: Jo, mee bei eis huet dat immens gutt geklappt. Bei aneren huet et den Onlinedating och gutt fonctionéiert. Ech kenne Leit, déi bestuet sinn a Kanner hunn. Et gëtt dat Eent an dat Anert. A: Jo, ok. Trotzdeem hunn ech d’Gefill, datt Dating-Apps net immens romantesch sinn. Et gesäit een eng Foto vun enger Persoun an da swipet een no riets oder no lénks. Dat ass iergendwéi wéi e Spill. Mir gefält dat net. B: Ech verstinn, wat s de mengs. Ech perséinlech fannen awer Discoen, wou haart Musek leeft ass…
People in this episode
Host: Poterkëscht
Guests: A, B
Topics covered
- Online Dating
- Relationships
- Personal Experiences
- Dating Apps
- Romance
Keywords
- Online Dating
- Dating Apps
- Relationships
- Romance
- Personal Experiences
More episodes of Poterkëscht vum INLL
- Ze Spéit op der Aarbecht (A2) · June 11, 2026 · 6 min
- Iwwer Ernärungstrends schwätzen (B1) · June 9, 2026 · 6 min
- Vir- an Nodeeler vun de soziale Medien (B1) · June 4, 2026 · 6 min
- Transportmëttel a Fürerschäin (A2) · June 2, 2026 · 4 min
- E Studentenjob (A2) · May 27, 2026 · 4 min
- Vakanz um Mier oder an der Stad (B1) · May 21, 2026 · 5 min
Explore listener stats, chart rankings, contacts and more on the Poterkëscht vum INLL podcast page.